News

Wells de Member gin/bleiwen?

iwerweis 6 EURO op eisen Fortuna-Compte: LU39 0100 7201 4233 0550 mat Mentioun "Memberskaart + ADRESSE"  

 
Home arrow 20 Joer CJR
Menu
Home
D'Grennung vum CJR
20 Joer CJR
Comité an Memberen
Agenda
Fotoen
Guestbook
Links
Contact Us
Administrator
Emfro
KouRoulette 2010: De Flapp as gefall...
 
Login Form





Passwuert verluer?
20 Joer CJR
CJReimech - Eng Chronik PDF Drocken E-mail

1985-1995

Am März 1985 sin op der Gemeen d'Statuten vum CJR agereecht gin. An där, finanziell nët ëmmer einfacher Zäit,as den Club gewuess an huet seng fest Plaaz zu Réimech agehol. Den Club haat 1995 all Grond fier seng Erfollëger ze feieren, an haut, 10 Joër duerno, kënnen mier dankbar sin an feieren, datt den Club och weiderhin un dës Erfolleger uknäppen kann.

1995-2005

Seit dem 10-jähregen Jubiläum as vill Waasser d'Musel erofgefloss an am CJR huet vill geännert. D'Grënnungsmemberen, an all déi Memberen vun den éischten Generatiounen, hun lues an lues Plaatz gemat fir eng nei Equipe. E grousse Changement war awer wuel, datt mier am Joër 1998 eise "Clubsall" an der "Aaler Schoul" aweihen konnten. Endlech haate mier ee Raum zur Verfügung, an deem mier ouni vill Leit ze stéieren, eis Aktivitéiten
virbereeden, eist Material lageren an eise perséinlechen Treffpunkt ariichte konnten. Nodeems mier e puer aal Fotellen, Dëscher, Still an Spiller opgedriwen haaten, stoungen ons an deene läschte puer Joër munch flotter
Stonnen an eisem Sall befir.

Och am Aktivitéitsplang huet sech munsch Saach geännert. Matt den Leit hun sech och d`Ideen an domatter den Engagement verännert.Sou hun mir vill klenger Partien am Plaaz vun eiser "Waat Seesch Da Well ?" Party [1995-2003] gemaat (leider hun mier nët méi déi néideg Infrastruktur zu Réimech ) an vill flott Stonnen op der Ouschtereersich oder beim Kickertournoi verbruecht.

Fier den sportlechen Deel suergen all Joër eisen Jux-Volleyball-Tournoi an eis zuelräich Visiten op den Sportsaktivitéiten vun eisen Kolleegen vun den Club des Jeunes aus der Géigend an méi wäit, déi eis schon vill Coupen abruecht hun.

Op kulturellem Plang kënnen mier op dräi erfollegräich organiséiert Concerten an op 10 lëschteg Cabaret'en ( 1989- 1999 ) zeréck kucken . Um Réimecher Festliewen huelen mer natierlech aktiv Deel, an ënnerhaalen mat den Veräiner eng frëndschaftlech an sympathesch Bezéihung.

Fir déi Leit, deenen et nët esou gudd geet ewéi eis, ze ënnerstëtzen, hun mir eis un villen Spendenaktiounen engagéiert bedeelegt.

Op der aanerer Säit kënnen mier awer och op Traditiounen wéi den 1. Mee, den Gréin, d`Cavalcade oder eisen "kulturellen Naturerliewnisformatiounsweekend zu Woltz" zeréck kucken,déi sech säit hierem Bestoën praktesch net geännert hun. Eise Volleyball-Tournoi huet schon 2004 déi 20st Editioun gefeiert.

Wéi an all Veräin, huet ët och am CJR Héichten a Déiften gin. Déi manner schéin Momenter bidden, ewéi esou oft am Liewen, d'Méiglechkeet mat neier Kraaft an Elan weider ze fueren. Während d'Lëscht vun den CJR-Anciens iwert d'Zäit ëmmer méi laang gouf, as d’Zuel vun den aktiven Memberen, no engem "demographeschen" Déifpunkt haut nees op enger gesonder Zuel.

Am Joër 2005 kënnen mier op eng flott an engagéiert Equipe kucken, déi den gudden Numm vum CJR an Eieren hält, an en gudden Deel vun den Traditiounen weiderféiert. Aus dem Bild vu Réimech sin mir wuel schwéier eweg ze denken, och, oder grad well mier heiansdo oder regelméisseg am Mëttelpunkt vum Duerfgespréich stin,
waat en sëchert Zeechen fier eng jonk an aktiv Equipe as. Nët nëmmen de Wiessel vum Logo weist wéi verbonnen mir sin mat den Traditiounen vun iiser schéiner Musel.

Mir wärten eis och weiderhin beméihen, bei de jonke Leit vun Réimech an Emgéigend, zu schéinen Momenter an hierer Jugend bäizedroën, an kucken voller Freed an d'Zukunft !