Sou as de Club des Jeunes entstaan: An der "Këscht" vun engem CFL's Bus wor et, wou an de Wanterméint 1984/85, sech e Grapp voll réimecher Schüler Gedanke gemaach huet, wei sie de nächste Summer wuel am beschten zesummen verbrenge kënnten. D'Idee vun engem eegene Club war séier opkomm, an net vill mi spéit, ganz genee am März 1985, sin dou op der Gemeng d'Statuten vun eisem "Club des Jeunes Remich" virgeluet gin. T'Haaptaufgab vun eisem Grëndungskomitee, den aus 11 Leit bestoung, war natiirlech d'Sich no weideren Interessenten an aktive Memberen, awer dëst Ziel gouf mat Hëllef vun e puer Flugziedelaktiounen relativ séier erreegt. Bei eis puer éischt Aktiounen, dei haaptsächlech e puer su an d'Keess brenge sollten (mir hu bei 0 ugefaang), si séier nach weider Aktivitéiten bäikomm. Sou zielen an teschenzäit e Fues-Volleyball-Tournoi, d'Réimecher Cavalcade, eist groußt Grillfest um "Gréin", a vill aner Saachen zu eisem alljährleche Programm. t.b.c. |